Katar, wat just 5 mol méi grouss wéi Lëtzebuerg ass huet e Budget vun 200 mia fir des WM virgesinn. Huet d’WM a Brasilien nach 15 Milliarde respektiv WM a Russland 12 Milliarde kascht ass dëst eng reegelrecht Explosioun vun de Käschten.
Vun desen 200 Milliarde gouf just nëmmen e klengen Deel an de Bau vun den 8 Stadien investéiert. De Gros goung awer an Infrastrukturen, Stroossennetz an de Flughafen. 1 vun de Stadie gëtt no de WM esouguer direkt erëm ofgerappt. Et geet dem Katar hei sécherlech net em Rentabilitéit vun dem Ganze méi éischter em Prestige. Katar well sech der Welt als modernt a fortschrëttlecht Land wéisen.
Mee et ass net nëmmen de Katar den vun dëser Fussballweltmeeschterschaft well profitéiere mee och déi etlech Entreprisen déi sech um Opbau vun den Infrastrukture bedeelegen. Ech hu mir emol déi franséisch Vinci erausgekroopt.
Vinci ass jo och bei eis am Land bekannt duerch déi seleche Parkhaiser, eng Spart déi se awer mëttlerweil verkaf hunn. Se sinn awer och täteg am Beräich vu Konzessioun, Peage ob den Autobunnen , Ofwécklung ob de Flughäfen, der Energie an an der Konstruktioun. Vinci huet haut 260000 Mataarbechter, 3200 verschidden Tätegkeetsfelder. Se realiséieren am Joer 280000 Projet an120 verschidde Länner. E big player also.
D’lescht Joer gouf e chiffre d‘affaires vun 49, mia realiséiert an ob der Bourse sinn se aktuell 47 Milliarde Wäert.
Iwwert vinci construction projets déi 49% vu qdvc hällt sinn se och am Katar täteg. Obwuel Vinci kee Kontrakt mat nationalen Organisatiounsteam vun der WM huet an deementspriechend kee Stadion gebaut huet, waren se dach un der Realisatioun vun der Metro vun Doha déi de Flughafe mat Stadzentrum verbënnt, bedeelegt.
Well Vinci Infrastrukture baut an duerno dann och exploitéiert gëtt dat hinnen en kompetitive Virdeel par rapport zu hire Konkurrenten. En plus sinn d’Konzessiounen déi se acquéreire vu laanger durée. Vinci huet och säithier ëmmer privilegéiert héich Margen iwwert Volumen ze generéieren.
Dëst sinn och d’Haptgreen firwaat en eng Entreprise wéi Vinci am Portefeuille vun der Gestioun eremfennt ouni dass dat elo eng recommendation fir d’Aktie ze kafen ass.
Capitalatwork ass e gestionnaire.. den et sech ob de Leescht geholl huet, Entreprisen ze selectionnéieren déi en avantage compétitive durable ob hir Konkurrenten hunn. Dest ass en vun de Critèren den eis vun aneren gestionnairen ennescheed.
Bléift zum Schluss awer nach ze erwänen dass eng sëlleg Entreprisë,.. wéinst de schlechte Liewenskonditioune vun den Aarbechter am Katar.. net wollten un der Realisatioun vu Projeten deelhuele, mee dëst ass eng aner Geschicht.