Gilles Duprel

Nouveau

Sinn Obligatiounen erëm eng Alternativ zu den Aktien?

Voir la vidéo

AccueilÉmissionsSinn Obligatiounen erëm eng Alternativ zu den Aktien?
D’Zënsen klammen! Sinn Obligatiounen erem eng Alternativ zu den Aktien? Ech begréissen Iech ganz Herzlëch zu eiser Emissioun „Capital News“. Main Numm ass Gilles Duprel an haut schwätze mir iwwert d’Hausse vun den Zënsen an de Comeback vun den Obligatiounen.

Wisou klammen d‘Zënsen?

De Schellegen ass d’Inflatioun an eben d‘Zentralbanken. D’Energiepräisser, Liewenmëttel, Transport, Baumaterealien…alles gëtt méi déier.

D‘Inflatioun ass stark ugezunn an leit zu Letzebuerg aktuell bei 6,9%, an der Eurozon bei 10,7% an den USA bei 8,5%.

Dës Präishausse muss ausgebremst ginn an do kommen d’Zentralbanken an Spill. Een vun hirer Haaptzieler ass d’Stabilitéit vun de Präisser an esou de Pouvoir d’Achat vun den Leit, oprecht ze erhaalen.

Wéih hunn d’Zentralbanken réagéiert ?

Déi verschidden Zentralbanken dréinen un den Zënschrauwenan ech hunn mir déi zwou wichtegst erausgepickt.

Déi europäesch Zentralbank, d’EZB, huet hiren Zensatz an bis elo 3 Schrëtt op 1,5% gehuewen.

Federal Reserve, déi amerikanesch Zentralbank ass do schons puer Schrëtt méi weit. An Dollar leit den Zensatz bei 3,75 bis 4%.

Zousätzlech sinn d‘Zentralbanken amgangen hir Bilan’en ze reduzéiert, andeems si Obligatiounen aus hirem Portefeuille auslafen loosen oder um Marché verkaaf. En Hiewel fir op déi langfristeg Zënsen Afloss ze huelen.

Zentralbanken, sinn bereed alles ze machen fir d’Präisdéierrescht an de Grëff ze kréihen. Och wann et doduerch zu enger Recessioun kënnt oder Arbeschtsplaatze verluer ginn.

Wéi hunn d’Marchéen réagéiert?

D’Zënsen klammen. Keeft een eng déitsch Staatsobligatioun op 5 Joer, kann een aktuell mat engem Rendement vun 2,1% pro Joer rechnen.

An Dollar verdéngt een mat enger amerikanescher Staatsobligatioun iwwer 5 Joer 4,3% pro Joer.

Och d‘Prime de Risken sinn geklommen, déi sougenannten „Spreads“. De Surplus un Rendement deen een kann erwarden, wann een enger gesonder europäescher oder amerikanescher  Entreprise Suen léint. Dëss Risikoprime leit an der Moyenne iwwer 5 Joer an Euro bei 1,1% an an Dollar bei 0,88%. De Risiko gett demno erëm besser bezuelt.

Wat ass dann aktuell mat Obligatiounen ze verdéngen?

Investéiert een an Obligatiounen vun gesonden europäeschen oder amerikaneschen Entreprisen kann een an der Moyenne iwwert 5 Joer mat engem Rendement an EURO vun 3,2% an an Dollar vun 5,2% pro Joer rechnen.

Et muss een awer oppassen! Och bei Investissmenter an Obligatiounen sinn verschidden Punkten ze respektéieren:

  • Et ass wichteg den Emetteur genaustens ze analyséieren,
  • De Portefeuille soll gutt diversiféiert sinn,
  • Duration muss der aktueller ekonomescher Situation entspriechen,
  • An op den Devise-Risiko muss opgepasst ginn.

Ginn dës Faktoren respektéiert, kënn en Investissement an Obligatiounen aktuell eng attraktiv Alternativ zu Aktien sinn.

Soll Dir wieder Froen zu dësem Thema hunn, sinn d’Experten vun Capitalatwork gären fir Iech do!

About the author