D’Allocatioun oder eben d‘Opdeelung vun de Verméigenswäerter ass de Grondstee bei der Opstellung vun engem Portefeuille. Enner Verméigenswäerter versteet een Aktien, Obligatiounen, Cash oder alternativ Verméigenswäerter wéi beispillsweis Immobilien. Hei geet et drëms d’Allocatioun vu sengem Portefeuille esou unzepassen dass dem Investisseur säi perséinleche Rapport tëschent Rendement a Risiko optiméiert gëtt an dëst a Funktioun vu senge perséinleche finanziellen Objektiver, sengem Horizont d‘Investissement a sengem Appetit no Risiko.
Seng individuell an optimal Allocatioun ze definéieren ass net ëmmer sou einfach. E gudde Rot vun engem Expert kann hei vu Virdeel si fir dësen Exercice raisonnabel ofzeschléissen. Gären kenne mir Iech bei dëser Etapp ënnerstëtzen. D’Experte vu Capitalatwork si fir Iech do.
Soubal d’Allocatioun definéiert gouf, geet et drëms eng anstänneg Selektioun vun Titren ze maachen déi sollen an de Portefeuille kommen.
Capitalatwork huet do säit iwwert 30 Joer seng eegen Approche a Philosophie: Eis Selektioun baséiert op eng déifgrënneg a fundamental Analyse vun den Aktien a Obligatiounen déi mir am Portefeuille hunn. Mir leen grousse Wäert op qualitativ a quantitativ Krittären: Eng detailléiert Analyse vun de Bilan’en, vum Businessplang, enger Konkurrenzanalyse, bis zu den sougenannten “Economic Moats” (kompetitiv Virdeeler déi der Entreprise eng laangfristeg Dominanz a Resilienz an deem jeeweilegen Secteur solle bréngen). Iwwert 170 Entreprisë gi vun eisen 10 Analyste kontinuéierlech suivéiert. Wann dir méi wëllt iwwert eis Investment Philosophie wëssen dat klickt hei.
Vu dat sech d’ekonomesch Ëmfeld fortlafend verännert, ass eng aktiv Gestioun genau sou wichteg wéi d’Allokatioun a Selektioun. Eng aktiv Gestioun implizéiert e konstante Suivi vum Portefeuille genau esou wéi strategesch Ajustementer fir op Verännerungen um Finanzmarché oder vum ekonomeschen Ëmfeld ze reagéieren.
Säit Jore sti mir, als aktive Gestionnaire, eise Clienten zur Säit. Mir probéiere beim Choix vun den Titren souwéi bei der Valorisatioun eis eegen héich Uspréch ze erfëllen a optiméiere kontinuéierlech d’Portefeuille vun eise Clientèle fir beschtméiglechst hir Erwaardungen ze erfëllen.
Schlussendlech ass et wichteg bei der Allocatioun de richtege Rapport tëschent Risiko a Rendement ze fannen, den d‘Objektiver an d‘Erwaardunge vum Investisseur erfëllt. Bei der Selektioun vun Titren spillt d’Analysen eng fundamental Roll an eng aktiv Gestioun ass wichteg fir op Verännerungen am Ëmfeld ze reagéieren.
Alles an allem ass eng diversifiéiert Approche mat Titren vu gudder Qualitéit de Schlëssel zu engem stabillen an ausgeglachene Portefeuille. Dofir soll een am beschte strukturéiert a strategesch virgoe woubäi Iech d’Experte vu Capitalatwork gären zur Säit stinn. Mat engem staarke Partner op senger Säit klëmmt Chance dass dir är finanziell Zieler op laang Dauer erreecht.
En Artikel geschriwen vum Gilles Duprel